Letztes Update:
20190424143938

D'Klacken am ganze Land ginn de Mëtteg wärend 15 Minutte gelaut

07:54
23.04.2019
Matgedeelt vum Äerzbëschoflechen Ordinariat

"Als Zeeche vun der Trauer, vum Respekt a vun der Verbonnenheet mat der groussherzoglecher Famill sollen op dësem Ouschterdënschdeg, den 23. Abrëll 2019, um 12.15 Auer an de Kierchen d’Klacke wärend 15 Minutte gelaut ginn.

Den Här Äerzbëschof wäert um Virowend vum Wäissen Ouschtersonndeg, e Samschdeg, de 27. Abrëll, um 17.00 Auer d'Mass an der Kathedral an der besonnescher Intentioun fir S.A.R. de Grand-Duc Jean feieren.

Den Här Äerzbëschof bied och all Geeschtlech, um Wäissen Ouschtersonndeg eng Mass an der besonnescher Intentioun fir S.A.R. de Grand-Duc Jean ze feieren.

Här, gëff deem Verstuerwenen déi éiweg Rou.

Maria, Mutter Gottes, Tréischterin am Leed, bied fir hien! "

Yves Bodry