Auf ihrer Facebookseite hat die Päischtcroisière bekannt gegeben, dass die diesjährige Kreuzfahrt aufgrund des Corona-Virus abgesagt worden ist.
"Wie heute von MSC mitgeteilt worden ist, sind alle MSC-Reisen bis einschließlich den 10.07.2020 angesagt worden", hieß es in dem Beitrag.
Die betroffenen Kunden und Reiseagenturen würden kontaktiert, doch sei bis nach dem Ende des État de Crise nicht mit einer Rückerstattung zu rechnen.
Bereits bezahlte Leistungen würden den Kunden in Form eines Guthabens zurückerstattet, der für alle MSC-Kreuzfahrten bis Ende 2021 gültig sei - darunter auch für die Päischtcroisière 2021. Das Programm für die Päischtcroisière des kommenden Jahres werde in den nächsten Wochen veröffentlicht.
Bonjour léif Frënn,
Leider musse mir Iech matdeelen, dat d'PäischtCroisière 2020 wéinst dem Virus COVID-19, muss annuléiert ginn. Wéi haut vun MSC kommunizéiert, sinn all MSC Reesen bis einschl. den 10.07.20 annuléiert. Mir sinn dobäi déi betraffe Client'en, respektiv Agencen ze kontaktéieren, dowéinst biede mir Iech ëm wéineg Gedold bis mir all Dossier traitéiert hunn. Mir bieden Iech villmools ëm Äert Versteesdemech, dat wéinst der exzeptioneller Situatioun, wéi vun der Regierung kommunizéiert, keng Remboursementer bis nom État de Crise kënnen ausbezuelt ginn. De Wäert vun de scho bezuelte Leeschtunge wäert eise Client'en a Form vun engem Bon à valoir ausgestallt ginn. Dëse Bon ass souwuel fir d'PäischtCroisière 2021, wéi och op all aner MSC Croisière bis Enn 2021 aléisbar.
De Programm vun der PäischtCroisière 2021 wäert an deenen nächsten Wochen publizéiert ginn.
Mir wëllen op dësem Wee och un Är Solidaritéit vis-à-vis vun eis als Croisières-Veranstalter, wéi och vis-à-vis vun all anerem Collaborateur aus der Tourismusbranche appelléieren. Wann et Iech méiglech ass, da bucht Är Vakanz ëm an annuléiert se net. Mir gi momentan all zesummen duerch eng schwéier Zäit, mä no dëser Period kommen och nees méi schéi Momenter, déi mir wëlle mat Iech zesummen op Ärer Dramrees erliewen.
Bléift gesond an hoffentlech gesi mir eis all nees u Bord vun der PäischtCroisière 2021!