Lëtzebuerg, de 25. Abrëll 2020
Vertrauensbroch duerch den Educatiounsminister
D’FÉDUSE/Enseignement-CGFP ass net prinzipiell dogéint, d’Schoul schrëttweis erëm ulafen ze loossen. Wéi wuel all Enseignant stellen awer och mir eis momentan eng Hellewull Froen, wéi d’Reprise ënnert deenen ugekënnegte Konditioune soll geléngen a virun allem, ob d’Schüler an d’Enseignante genuch kënne geschützt ginn.
Zudeem di mir eis schwéier, verschidden Decisioune vum MENJE kënnen nozevollzéien, sou ënnert anerem, firwat bei de Primaner déi obligatoresch physesch Presenz net just op déi verbleiwend Prüfunge beschränkt gëtt.
Ausserdeem kënne mir net verstoen, firwat sech an enger éischter Phase net just op d’Presenz vun deene Schüler beschränkt gëtt, fir déi dat kommend Schouljoer eng wichteg Orientatioun usteet, respektiv fir déi, déi „à distance“ net konnte betreit ginn. Dëst géif nämlech éischter erlaben, déi ganz streng Reegele vum „social distancing“ iwwerhaapt kënnen anzehalen.
Och am Enseignement ass et besonnesch a Krisenzäiten immens wichteg, dass all d’Acteuren enk zesummeschaffen, an NET géinteneen! Den Educatiounsminister huet bis ewell awer – mat Ausnam vun zwou reng informative Videokonferenzen, déi jeeweils ganz kuerz virun där offizieller Pressekonferenz aberuff goufen – d’FÉDUSE/Enseignement-CGFP trotz hirer haushéijer Representativitéit am Enseignement secondaire als Dialogpartner komplett ignoréiert.
No iwwert enger Woch „Funkstille“ aus dem MENJE huet eis gëschter vum Terrain d’Informatioun erreecht, dass fir d’Enseignanten am Secondaire d’Schouljoer bis de 17. Juli soll verlängert ginn. Dovun ofgesinn, dass dës Moossnam méi nei Problemer schaaft, wéi se der léist, gouf se weder am Viraus mat eis diskutéiert, nach goufe mir iwwerhaapt doriwwer informéiert. De Comité vun der FÉDUSE/Enseignement-CGFP empfënnt dësen Elenggang säitens dem Educatiounsminister als grousse Vertrauensbroch – dat grad elo, wou et drop ukënnt, dass mir all zesummen un engem Strang zéien!
Och d’Enseignanten hunn duerch hiren onermiddlechen, fir si selbstverständlechen Asaz a ganz vill zousätzlech Aarbecht dofir gesuergt, dass zanter dem Ufank vun der Kris d’„Schoul doheem“ konnt esou gutt wéi méiglech weiderlafen. Vill vun hinnen, genee wéi vill aner Elteren, hunn de schwierege Spagat vun der duebeler Belaaschtung mat groussem Engagement misste meeschteren. Mat dëser Decisioun vu gëschter gouf all deem iwwerhaapt net Rechnung gedroe – ganz am Géigendeel, d’Enseignante goufe ferm virun de Kapp gestouss!
Well ënnert dëse Konditiounen eng Zesummenaarbecht net méiglech ass, besteet de Comité vun der FÉDUSE/Enseignement-CGFP dringend op e klärend Gespréich mam Educatiounsminister Claude Meisch!
Als national representative Syndicat fir den Enseignement secondaire fuerdere mir, ganz enk an och eeschthaft an d‘Prozedur vum Relancement vun der Schoul agebonnen ze ginn! Nëmmen zesumme kënne mir dës Kris meeschteren.
De Comité vun der FÉDUSE/Enseignement-CGFP