Léif Alleguerten,
D’Regierung huet gëschter e Plang virgestallt, wéi mer an de nächste Wochen e luesen Iwwergank an eng Situatioun organiséieren, déi méi no un der Normalitéit ass. Et ass eng Strategie, déi erméiglecht, dass eisen Alldag Schrëtt fir Schrëtt erëm manner duerch de Virus a méi vun deene villen anere Saachen an eisem Liewe bestëmmt gëtt: De Kontakt mat eise Matmënschen, Aktivitéiten, déi eis um Häerz leien, eis Fräizäit an eis Aarbecht.
Dat geet awer net vun haut op muer. Mir musse weider disziplinéiert si fir dass all déi kollektiv Efforten aus de leschte Wochen net fir näischt waren. Lëtzebuerg huet et bis elo fäerdeg bruecht de Coronavirus an d’Suitten dovunner ënner Kontroll ze halen an dat ass just méiglech duerch eng grouss Solidaritéit an der Populatioun, déi mech ëmmer nach staark impressionéiert.
Duerch dëse gemeinsamen Effort, kënne mer eis et elo och erlabe fir an eenzele Phasen erëm verschidde Secteuren ze relancéieren. Dat betrëfft, wéi gëschter presentéiert elo an enger éischter Phase ënnert anerem de Secteur vun der Constructioun, also d’Chantieren. Och d’Baumäert ginn erëm op, Recyclingszenteren an eng Aktivitéit, déi eis ganz wichteg erschéngt: Déi psycho-sozial Hëllefsstellungen am Bildungsberäich gëtt relancéiert, also Ënnerstëtzung fir Famillen a Kanner.
Kuerz duerno sollen och d’Ofschlossklassen am Secondaire an déi praktesch Aarbechten an der Educatioun erëm ufänken. Méi spéit ass elo geplangt d’Schoulen an e puer Phasen nees opzemaachen a lues a lues och weider Aktivitéiten.
Et ass wichteg, dass d’Gesondheet vun de Kanner awer och hir Zukunft an hiert allgemengt Wuelbefannen berücksichtegt a respektéiert ginn.
All déi eenzel Schrëtt gi begleet vun engem enke Monitoring a si bestëmmt vu Reegelen, ewéi zum Beispill Distanzen anhalen oder säi Mond an seng Nues bedecken.
Eis Haaptzil ass, d’Mënschen ze schützen a keen onnéidege Risiko fir d‘Populatioun anzegoen. Dofir hu mir och decidéiert, dass all weidere Schrëtt ëmmer dervun ofhänkt, wéi d’Propagatioun vum Virus ass a besonnesch, wéi d‘Kapazitéiten an eisem Gesondheetssecteur sech entwéckelen.
Gläichzäiteg – an och dat ass mir ganz wichteg – musse mer am A behalen, wéi d’Gesellschaft am Allgemenge vun de Mesuren betraff ass, wat d’Auswierkungen op de Mënsch sinn a wéi dat anzeschätzen ass. Dofir hu mer och gefrot fir e reegelméissegen Avis zu dëse Froen ze kréien.
Et ass eis bewosst, dass et am Plang, wéi mer en elo virgestallt hunn, keng absolut Wourechte gëtt a mir wëssen och, dass d’Decisiounen, déi mer hu missen huele fir vill Leit bedeit, dass se weider an enger ganz schwiereger Situatioun sinn. Besonnesch fir d’Geschäftsleit, fir d’Indépendant’en, fir Handwierker a Patron’en vu Restauranten, Hoteller a Caféë sinn dës Zäiten extrem schwiereg. Ech sinn an de leschte Stonne vill gefrot ginn, firwat net op mannst kleng Butteker dierften opmaachen, firwat een net dëse Secteur oder en aneren hätt kënne virzéien.
Et sinn Decisiounen, déi engem net liicht falen. Mir hunn missen entscheeden an der Lutte géint e Virus, deen an anere Länner fir fuerchtbare Misär gesuergt huet. Bei der Verbreedung vun deem Virus ass de Mouvement an der breeder Populatioun een Haaptfacteur a mir wëssen, dass mer eng gréisser Beweegung vun enger ganzer Bevëlkerung fir den Ament nach musse limitéiert halen. Deemno ass et ze fréi fir d’Geschäfter opzemaachen an esou ze provozéieren, dass ganz vill Leit zirkuléieren.
Awer mir hunn och gesot, dass mer déi Situatioun permanent am Bléck behalen an esou bal mer gesinn, dass eis Strategie mat den Hygiènesreegelen hir Friichten dréit, kënne mer nei Entscheedungen huelen.
Eng finanziell Hëllef vum Staat ass fir e Betrib ni eng Léisung an och keen Ersatz. Mir wëssen awer, wéi sérieux d‘Situatioun ass an dofir huet d‘Regierung och festgehalen, dass fir déi Secteuren, déi weider vun der Fermeture betraff sinn, och nei Ënnerstëtzungsmoossnamen ausgeschafft ginn.
An de nächsten Deeg ännert sech eppes Fundamentales an eisem Alldag. De Mond- an Nuesenschutz gëtt op ville Plazen zu der Reegel an zum Deel och zu der Obligatioun. Mir recommandéieren, dass jiddereen, wann e bis doheem eraus geet a Leit ka begéinen esou e Schutz undeet. Op anere Plaze gëtt et obligatoresch, wéi zum Beispill am ëffentlechen Transport oder am Supermarché. Et ass e Schutz een vis-à-vis vun deem aneren, also och eng Fro vum Respekt an der Solidaritéit.
Et wäert daueren, bis mer eis dorunner gewinnt hunn, mee et ass e wichtegen Deel vun der Strategie um Wee an d‘Normalitéit.
Ech wëll iech Alleguerten Merci soen, fir déi grouss Efforte vu Jidderengem an eis Alleguerten weider vill Courage wënschen. Ech sinn iwwerzeegt, dass mer och dës méi schwiereg Zäit zesumme beschtméiglech iwwerstinn.