Hie soll äis selwer zu engem Affer maachen,
dat dir fir ëmmer gehéiert,
fir datt mir Undeel kréien un denger Ierfschaft,
mat allen, déi’s du erwielt hues:
mat der helleger Jongfra Maria, der Gottesmamm,
der Tréischterin am Leed,
der Patréinesch vu Stad a Land,
mat dem hellege Jousef, hirem Mann,
mat dengen Apostelen a Martyrer,
mat dem hellege Willibrord
a mat allen Hellegen,
duerch deenen hiert Gebiet
mir allzäit op deng Hëllef ziele kënnen.