Mat grousser Trauer hu mir op dësem 23. Abrëll 2019 Kenntnis geholl vum Doud vun dem Grand-Duc Jean, eisem veréierten Haut Protecteur.
Mir drécken dem Grand-Duc Henri an der ganzer Groussherzoglecher Famill eist häerzlechst Bäileed aus a versécheren Hinnen eist éierlecht Matgefill an dëse schwéiere Stonnen.
D’ lëtzebuerger Pompjeeën behalen de Grand-Duc Jean net nëmmen als fréieren Staatschef vun 1964 bis 2000 a beschter Erënnerung. Etlech Kolleginnen a Kollegen an eise Reien erënnere sech un de Prënz Jean als Befreier vun eisem Land un der Säit vu Sengem Papp dem Prënz Felix am September vum Joer 1944.
Nom Ofliewen vu Senger vénéréierter Mamm der Grande-Duchesse Charlotte am Joer 1985 huet de Grand-Duc Jean eis am Joer 1986 matdeele gelooss, dat Hien eis den Héige Patronage iwwert eis Federatioun accordéiert.
Dat dëst fir S.A.R. net nëmmen en Acte um Pabeier war, hu mir regelméisseg festgestallt um Interessi, deen de Grand-Duc Jean eis entgéint bruecht huet bei Senge ville Visiten an eise Reien.
Mir sinn dankbar fir all Moment dee mir mam Grand-Duc Jean verbrénge konnten.
Monseigneur, mir wäerten Iech vermëssen!
Marc Mamer
President